03.11.2022
Gemengerot Protokoll
D’CSV an der Gemeng Hesper zielt ronn 345 Memberen, dovunner sinn 61% Männer an 39% Fraen.
Mer schaffen enk mat onser Jugend, der CSJ zesummen.
All Awunner aus der Gemeng ass wëllkomm bei eis matzeschaffen.
Mam Marc Lies an dem Diane Adehm stellt d’CSV Hesper zwee Deputéierten vun 21 CSV-Vertrieder aus dem Zentrum an der Chamber.
Mat 8 vu 15 Conseilleeën stelle mir d’Majoritéit am Gemengerot. D’CSV Hesper stellt zanter ville Joeren de Buergermeeschter. Vun 1975 bis zu sengem Doud am Joer 1999 wor dat den Alphonse Theis. Uschléissend wor d’Marie-Thérèse Gantenbein Buergermeeschtesch vun 1999 bis 2008.
D’CSV stellt Vertrieder an den 11 kommunale Kommissiounen. An alle Kommissiounen stelle mir de President.
Si all engagéieren sech op ganz verschidde Gebitter an ënnerstëtzen de Schäfferot mat hiren Iwwerleeungen an Ureegungen an der alldeeglecher Politik. Op déi Manéier hunn nieft de Conseilleren och Bierger d’Méiglechkeet sech aktiv fir d’Belange vun der Gemeng mat an ze bréngen. D’Avis’en vun de Kommissiounen hunn e reng konsultative Charakter a sinn net ëffentlech.
D’Zuel vun de Sëtz an de Kommissiounen gëtt an onser Gemeng, entspriechend dem Proporz, jeeweils no de Walen entspriechend de Sëtz am Gemengerot festgesat. D’Parteie si fir d’Nominatioun vun de Vertrieder an de Kommissiounen verantwortlech a gi vum Gemengerot gestemmt.
All Kommissioun besteet aus dem President, dem Sekretär, de Memberen an de Membres suppléants. Jee no Besoin treffen se sech tëschent 3 an 12 mol pro Joer.
Verschidde Kommissiounen si vum Gesetz aus obligatoresch: d’Commission scolaire, d’Commission des loyers an d’Commission consultative pour étrangers (bei méi wéi 20% Auslännerundeel).
Um Enn fannt der och d’Syndikater mat de respektiven Delegéierten. Hei si mir an 9 Syndikater an Organisatiounen präsent fir d’Interesse vun onser Gemeng ze vertrieden.
Schoulkommissioun
Kulturkommissioun:
Sozialkommissioun:
Sportskommissioun:
Bautekommissioun:
Finanzkommissioun:
Emweltkommissioun/Klimabündnis/Fairtrade:
Weeërkommissioun / Coupe scolaire:
Transport a Mobilitéitskommissioun:
Integratiounskommissioun:
Loyerskommissioun:
De Comité vun enger CSV Sektioun setzt sech aus mindestens dräi gewielte Memberen zesummen. Gemengeréit, Deputéiert a Minister aus enger Sektioun gehéieren dem Comité d’office un. Och jee zwee Vertrieder vun den Organisatiounen CSJ, CSF an Senioren.
De Comité ass d’Exekutivorgan vun enger Sektioun a muss sech un Decisiounen vun der Generalversammlung halen.
De Comité wielt aus senger Mëtt e President, e Sekretär, e Caissier a bis zu zwee Vizepresidenten.
De Comité organiséiert a koordinéiert d’Aarbechten an d’Aktivitéiten vun der Sektioun. E representéiert d’CSV an der Gemeng an hält de Kontakt mam CSV-Bezierk a mam Generalsekretariat.
D’CSV Hesper ass am Bezierk Zentrum duerch d’Diane Adehm als Präsidentin, de Marc Lies an de Guy Wester als Vizepräsident vertrueden.
Président
Vice-Présidenten
Secrétairen
Trésorier
Memberen
Wat leeft am Gemengerot? Mir informéieren Iech.