Skip to content

Nee, d’Regierung huet kee Feelstart higeluecht

Invité vun der Redaktioun (13. Februar) Marc Lies

Huet déi nei Regierung mam Heescheverbuet an der Affär Meisch een Feelstart higeluecht?

Nee, seet den CSV Deputé-Maire Marc Lies. Au Contraire kéint een net vun engem Feelstart schwätzen, wa schonn am Dezember d’Steiertabell un den Index ugepasst gouf an virun knapp 2 Wochen e ganzen Logementspak presentéiert ginn ass, sou de Marc Lies.
“Wat d’Affär ronderëm de Claude Meisch ugeet, mengen ech, dass dat eng Privatsaach ass an net vill mat Regierungsaarbecht ze dinn huet. Natierlech wann ee Minister ass, an an der Ëffentlechkeet steet a schlecht Press kritt, ass dat net fërderlech”, sou de Marc Lies.

Beitrag deelen