Skip to content

Fro & Äntwert zum Contournement

Här President,
Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës
parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten
weider ze leeden.
De Projet vun der neier N3 ass e ganz wichtegen a vitale Projet wat d‘Entwecklung
vum Südweste vun der Stad Lëtzebuerg an de Randgemengen ugeet.
De Bau vum Module Central an der rue des Scillas an am Rangwée um Houwald
dierft nieft dem Ausbau vum Pont Buchler (Module Nord), den Aussoe vum Minister
no, e ganz komplexe Projet ginn.
• Kann de Minister sécherstellen datt wärend der Bauphase d‘Anrainer vum
Houwald, Bouneweg a Gaasperech fräien Accès bei d‘Geschäfter wéi och bei
hier Aarbechtsplaz, esouwuel op Säite vum Houwald wéi op Säite vum Ban de
Gasperich hunn, ouni grouss Ëmweeër mussen a Kaf ze huelen?
• Ass bei den Aarbechten assuréiert datt d‘Membere vum Houwalder
Tennisclub viru bei d‘Installatioune vum Club kommen?
• Duerch d‘Aarbechte fale vill Parkméiglechkeete virum Clubhouse wech, sinn
nei Parkplaze fir de Veräi geplangt?
• Ass wärend den Aarbechten assuréiert datt d‘Noperschaft net ze vill Nuisancen
duerch Dreck a Kaméidi muss a Kaf huelen?
• Ass wärend der Bauphase assuréiert datt Drosbach net duerch dës Aarbechte
verknascht gëtt, an doduerch a Matleidenschaft gezu gëtt?
Am selwechte Kader huet de Minister de Bau vum Lycée Technique du Centre (LTC)
um Midfield annoncéiert.
• Ass de Minister net der Meenung datt all d‘Infrastrukture solle fäerdeg sinn
(Tram, ÖPNV, Individualverkéier, mobilité douce) bis datt de Staat nei Projeten
ëmsetzt?
• Wéini ass geplangt fir den LTC ze bauen?
Fir de komplette Stroossereseau fäerdegzestelle, muss d‘rue des Scillas op senger
ganzer Breet ausgebaut ginn.
• Bis wéini soll dëse Komplettausbau am zentralen Deel vun der neier N3
ofgeschloss sinn?
De Module Sud, also de Contournement d‘Alzingen ass partie intégrante vun der neier
N3.
• Kann de Minister confirméieren op bis Enn vun dësem Joer, eng Decisioun
iwwert den definitiven Tracé, am Regierungsrot geholl gëtt?
• Wa jo, wat wier an dësem Fall den Delai vun enger Ëmsetzung vum
Contournement?
• Wann nach keng Decisioun am Regierungsrot bis Enn vun dësem Joer geholl ka
ginn, wat sinn d‘Grënn dofir?
Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.
Marc Lies
Deputéierten

Äntwert vum Här François Bausch, Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten, op
d’parlamentaresch Fro n°2712 vum 24. August 2020 vum éierbaren Deputéierten Har
Marc Lies, zum Chantier op der Route nationale N3
Kann de Minister sécherstellen datt wärend der Bauphase d’Anrainer vum Houwald,
Bouneweg a Gaasperech fräien Accès bei d’Geschäfter wéi och bei hier Aarbechtsplaz,
esouwuel op Säite vum Houwald wéi op Säite vum Ban de Gasperich hunn, ouni grouss
Ëmweeër mussen a Kaf ze huelen?
D’ Accèsen zu de Geschäfter ewéi zu de Leit hiren Aarbechtsplaze wäerte séchergestallt
sinn, vum Houwald ewéi vum Ban de Gasperich kommend, an dat wärend der Bauphas
vum Chantier Rue des Scillas – Lous 1 (éischte Chantier vun der Rue des Scillas). Just an
enger Tëschephas ass zäitweis eng Spär am Beräich vun der Kräizung Tunnel Rangwee –
Rue Rangwee – Rue des Scillas virgesinn. Momentan lafen awer Diskussioune mat de
betraffene Gemengen, fir dësen Impakt esou kleng wéi méiglech ze halen.
Ass bei den Aarbechten assuréiert datt d’Membere vum Houwalder Tennisclub viru bei
d’Installatioune vum Club kommen?
Wärend dem Chantier wäerten d’Membere vum Houwalder Tennisclub weiderhi bei
d’Installatioune vum Club kënne kommen.
Duerch d’Aarbechte fale vill Parkméiglechkeete virum Clubhouse wech, sinn nei Parkplaze
fir de Veräi geplangt?
Wärend der éischter Phas vun den Aarbechte wäerte keng Parkplazen ewechfalen. Fir déi
Zäit vun der zweeter Phas vun den Aarbechten, an där d’Rue des Scillas ausgebaut gëtt,
wäerten déi bestoend Parkplaze verschwannen, mee do ass amgaangen no
Ersatzméiglechkeete gekuckt ze ginn.
Ass wärend den Aarbechten assuréiert datt d’Noperschaft net ze vill Nuisancen duerch
Dreck a Kaméidi muss a Kaf huelen?
E Chantier bréngt ëmmer gewëss Nuisancen duerch Stëbs a Kaméidi mat sech, et wäert
awer probéiert gi fir dës Nuisancen op e Minimum ze reduzéieren ewéi zum Beispill
duerch d’Installatioun vu Palissaden. D’Entreprisë sinn ausserdeem ugehalen, sech un
d’Grenzwäerter vun den Nuisancen (ewéi z.B. Vibratiounen) ze halen.
Ass wärend der Bauphase assuréiert datt Drosbach net duerch dës Aarbechte verknascht
gëtt, an doduerch a Matleidenschaft gezu gëtt?
Et wäert dofir gesuergt ginn, dass d’Waasserqualitéit vun der Drosbach duerch
d’ Aarbechten net wäert reduzéiert ginn.
Ass de Minister net der Meenung datt all d’lnfrastrukture salle fäerdeg sinn (Tram,
OPNV, Individualverkéier, mobilité douce) bis datt de Staat nei Projeten ëmsetzt?
E Comité de pilotage huet mat allen concernéierten Acteuren e Plan directeur fir
d’Entwécklung vum neien Site Midfield elaboréiert. Dëse Plan directeur presentéiert
een globaalt Konzept wou all Infrastrukturen am Zesummespill mat de Gebaier
consideréiert gi sinn.
D’Entwécklung vum Site Midfield soll an Phasen erfollegen. De Lycée ass geplangt fir an
der zweeter Phase realiséiert ze ginn nodeems den Pôle d’Echange Howald en Service
ass, an eng Bréck fir Vëlo a Foussgänger iwwert d’ A3 gebaut ass.
Wéini ass geplangt fir den LTC ze bauen?
Den Appel à candidature vun der Planer-Equipe ass Ufank September 2020 publizéiert ginn. No
enger Planungsphase vun ongeféier 3 Joer an viraussiichtlech 4 Joer Chantier, kéint den LTC
dann seng Dieren opmaachen.

Bis wéini soll dëse Komplettausbau am zentralen Deel vun
der neier N3 ofgeschloss sinn?
De Komplettausbau kann eréischt gemaach gi wann de Staat am volle Besëtz vun all den
néidegen Emprisen ass.
Kann de Minister confirméieren op bis Enn vun dësem Joer, eng Decisioun iwwert den
definitiven Tracé, am Regierungsrot geholl gëtt?
Wa jo, wat wier an dësem Fall den Delai vun enger Ëmsetzung vum Contournement?
Wann nach keng Decisioun am Regierungsrot bis Enn vun dësem Joer geholl ka ginn,
wat sinn d’Grënn dofir?
D’Etüde vum Contournement vun Alzeng sinn opgrond vun den Avise vun de
kompetenten Autoritéiten zum Dossier vun der« Évaluation des incidences » – déi huet
misse gemaach gi well de Projet duerch en Natura 2000 Gebitt verleeft –
vervollstännegt ginn. Domat ass den Impakt vun de Varianten, déi den Uelzechtdall
duerchkräizen, dokumentéiert.
Zanter Enn 2019 hu meng Servicer awer och nach eng zousätzlech Variant studéiere
gelooss, fir mat engem Tunnel ënnert dem Natura 2000 Gebitt vum Uelzechtdall
duerchzefueren, an den Impakt ob déi europäesch Schutz-Zon esou ze verhënneren.
Dobäi gouf souwuel d’Bau- an d’Tunneltechnik analyséiert, ewéi och all d’ Aspekter déi
relevant si fir d’Ëmwelt ze schützen, an et konnt vun den Experten erausfonnt ginn, dass
eng Tunnelvariant kee signifikativen Impakt ob d’Schutzziler vun dem Natura 2000
Gebitt huet.
Deemno wir et duerch dës Variant méiglech, de Projet ze autoriséieren, ouni vun der
EU-Kommissioun eng Derogatioun ze froen. Dës gëtt bekanntlech just accordéiert,
wann all aner Méiglechkeete vun engem Projet bewisenermoossen ausgeschloss kënne
ginn, an d’Noutwendegkeet vum Projet duerch entspriechend genau definéiert
Argumenter, wéi z.B. gesondheetlech Aspekter vun der Bevëlkerung, hirgeleet an
dokumentéiert ass.
Amplaz elo eng ëmstandlech Prozedur ze lancéieren, op Basis vun engem
onvollständege Variante-System, ewéi en am alen Dossier studéiert ginn ass, besteet
elo d’ Méiglechkeet eng manner opwänneg Prozedur ze duerchlafen, wa sech vu virera
fir d’Tunnelvariant decidéiert géif ginn.
Dës Decisioun kann de Regierungsrot op Basis vun de bis haut studéierten Elementer
huelen.
D’Stroossebauverwaltung ass momentan amgaangen deen Dossier opzestellen.

Beitrag deelen