Skip to content

D’Logementspräisser sinn eng Katastroph

RTL-Invité vun der Redaktioun: Marc Lies

E Mëttwoch war de Buergermeeschter vun Hesper eisen Invité vun der Redaktioun.

D’Präisser sinn eng Katastroph – do brauch ee sech net méi ze wonneren, dass dat kee sech méi ka leeschten, an do musse mer eppes maachen. Dat ass den niichtere Fazit vum CSV-Deputéierte Marc Lies e Mëttwoch de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun.

Vill wier an de leschte Méint vu Regierungssäit an der Hetz gemaach ginn, an net an der néideger Serenitéit. Beispill wier dat neit Loyersgesetz, wou nach ganz vill oppe Froen am Raum stéingen. Et géif verschidde gutt Usätz ginn, beim bail à loyer, beispillsweis bei de Colocatiounen. Wat awer komplizéiert wier, wier déi kommerziell Co- a Sous-Locatioun.

Beim neie Pacte Logement wier et immens wichteg d’Spekulatioun op den Terrainspräisser ze bekämpfen. Et misst bei der Grondsteier ugesat ginn, wouropper ee vu Regierungssäit nach ëmmer keng Äntwert hätt.

Als extrem Schued bewäert de Marc Lies iwwerdeems, dass d’Gemengen nach ëmmer net méi Subside kréie fir de Bau vu sozialem Wunnraum. Mam neie Pacte Logement géifen d’Gemengen an deem Sënn de facto souguer manner Gelder kréien, wéi bis ewell.

Beitrag deelen