Skip to content

Dem Contournement vun Alzeng e Stéck méi no

Den Gemengerot vun der Gemeng Hesper, mat sengen 8 Vertrieder vun der CSV, huet des Woch säin Avis an der ëffentlecher Unhéierung ofginn an domadder en wichtegen Grondsteen geluet fir, dass Regierung déi nächst Schrëtt vum Bau vum Alzenger Contournement anleeden kann.

No enger detailléierter Analyse vum kompletten Dossier an der Berécksiichtegung vun 194 Objektiounen vu Säiten vun den Awunner, ass schlussendlech d’Nord-West Variant vum Gemengerot Hesper zeréck behale ginn.

Beitrag deelen