Skip to content

Déi nei N3, den Tram an de Chantier um Houwald

Äntwert vum Har François Bausch, Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten op déi
parlamentaresch Fro n° 2256 vum 22. Mee 2020 vum honorablen Deputéierten Har Marc Lies iwwert
“Chantier de la route nationale N3”
Déi folgend Erklärunge bezéie sech just op d’Aarbechten, déi ënnert der Maîtrise d’ouvrage vun der
Stroossebauverwaltung ausgefouert ginn.
Wéini sollen d’Aarbechten um Module Nord, un deem zur Zäit ganz äifreg geschafft gëtt, ofgeschloss sinn?
Déi éischt Phase vun der neier N3, déi Bestanddeel vum Module Nord ass an d’Sektioun vun der Gare
Centrale, dem Pont Büchler, an dem Ofschnëtt vun der Route de Thionville bis hannert d’Pénétrante
Sud ëmfaasst, gëtt fir Enn 2021 faerdeg gestallt.
Wéini kann de Pôle d’échange zu Bouneweg / Lycée technique de Bonnevoie definitiv a Betrib geholl ginn?
Dës Aarbechte sollen am Délai vum Module Nord, also bis Enn 2021 faerdeg gestallt ginn.
D’Exploitatioun vum Pôle d’échange setzt allerdéngs den Ofschloss vun den Aarbechte vu Luxtram
vira us.
Well zur Zäit äifreg un de ,,Bordereau de soumission” vum Module Central an der rue des Sellas um
Houwald geschafft gëtt, wollt ech gäre folgend puer Prezisiounen zu dësem Projet vum Här Minister
kréien.
Wéi eng Aarbechte ginn an enger éischter Phase ugefaangen?
D’Deviatioun vun der Drosbech, e groussen ënnerierdesche Fonçage vun 2,4 Meter an der Rue des
Scillas an zwee Fonçagë laanscht respektiv ënnert den CFL-Gleiser kënnen an enger éischter Phas
ausgefouert ginn.
Wéini ass mam Ufank vun dësen Aarbechten ze rechnen a wei laang sollen des Aarbechten
daueren?
Et ass virgesinn dass dës Aarbechten am Hierscht vun dësem Joer kënnen ufanken.
Ass de Staat tëschenzäitlech Propriétaire vun den Terrainen déi fir dës Phase gebrauch ginn?
Jo.
Um Gabarit vun der Strooss an der rue des Selllas soll an enger zweeter Phase geschafft ginn, ier dës
Aarbechte kennen ufiänke sinn awer nach eng Rëtsch un Emprisen ze maachen.
An dësem Kontext géif ech gären folgend Froen un den Här Minister stellen:
Ass de Staat och am Besetz vun der lntegralitéit vun dësen Emprisen?
Nee, mee d’Verhandlunge mat de Proprietairen sinn amgaang.
Wann dat net de Fall sollt sinn, fir wéini ass domat ze rechnen datt de Staat all Emprise riets a lenks
vun der Strooss kann a Besetz huelen?
De Comité d’acquisition ass mat deenen Dossiere befaasst.
Ass ugeduecht datt den Tennis Club Houwald eng Afaart kritt fir de Restaurant an de Shop kennen
ze beliwweren?
D’Méiglechkeete fir d’ Afaart beim Tennis Club ze gestalte si momentan amgaang studéiert ze ginn a
wäerten deemnächst kënne mat deene Concernéierte beschwat ginn.
Kann deen integrale Gabarit an der rue des Sellas vun Ufank un gebaut ginn, oder muss hei och
phaséiert geschafft ginn?
Am Moment ass virgesinn fir d’Strooss an zwou Phasen auszebauen.
Sollt dot net de Fall sinn, kann eis de Minister soen firwat dat esou ass?
D’Strooss kann op engem klengen Deel nach net komplett ausgebaut gi well et do nach e Problem mat
enger Emprise gëtt. Ob jiddwer Fall gëtt awer dru geplangt, fir no der éischter Phas d’Sektioun vum
Tram fäerdeg gebaut ze hunn.
Kann d’Bréck fir den Tram an den ëffentlechen Transport a Richtung vun der Gare Périphérique an
dem Ban Gasperich vun Ufank un integral gebaut ginn?
Zum haitegen Zaitpunkt kann d’Plattform Houwald, déi den Tram an den ëffentlechen Transport iwwert
d’Eisebunn soll féieren, net integral op hirer finaler Breet gebaut ginn.
Sollt dat net de Fall sinn, kann eis de Minister soen firwat dat esou ass?
Et konnt nach keen Accord mat de Proprietairë vum Terrain südlech vun der Plattform Houwald fonnt
ginn. Doduerch ass et de Moment net méiglech, déi Bréck an hirer gesamter Breet ze bauen. Fir de
Passage vum Tram awer kënnen ze garantéieren, ass déi zoustänneg Verwaltung amgaangen de Projet
vun der Plattform Houwald ze adaptéiere fir den Tram iwwert ee geännerten Tracé iwwert d’Eisebunn
ze bréngen.
Wéini kéinten dës Aarbechten ufenken a wéi laang sollen se daueren?
D’ Aarbechte fir deen éischten Deel vum Pôle d’échange Houwald, déi d’Gare routière ëmfaassen, kënne
wéi virgesinn am Hierscht 2020 lassgoen. D’eventuell Verlängerung vum Delai duerch d’Ëmplange vun
der Plattform Houwald gëtt awer duerch e verännerte Phasage kompenséiert, esoudass doduerch de
Retard vum Projet Tram negligabel ass. Wéini d’Plattform an der ugeduechter Breet wäert zur
Verfügung stoen, kann allerdéngs zum haitegen Zäitpunkt nach net beäntwert ginn.
Sollten et bei der Ëmsetzung méi Phase ginn, wat wier déi projezéiert Dauer vun enger finaler
Fäerdegstellung vun all den lnfrastrukturen vum Module Central an der Fäerdegstellung vum Tram
bis bei den Terminus neien Stadion op der Cloche d’Or?
D’Ouverture fir den Tram bis op d’Cloche d’Or ass am Moment den Hierscht 2023 virgesin.
De Module Sud stellt de sougenannte Contournement ronderëm d’Gemeng Hesper duer
(Contournement d’Alzingen). D’Consultation publique iwwert de Contournement huet wéinst der Covid-
19 Kris missen ofgesot ginn.
An dësem Kontext géif ech géire folgend Froen un den Héir Minister stellen:
Wéini soll dës ëffentlech Consultatioun nogeholl ginn?
• Gëtt virun un de jeeweilege Variante vun enger iwwer- oder
ënnerierdescher Strooss geplangt?
• Kann mat enger definitiver Decisioun am Regierungsrot iwwert
d’Machbarkeet an de Choix vun enger Variant bis Enn vun dësem Joer gerechent ginn?
• Wat ass de geplangten Datum vun der Ëmsetzung vun dëser Strooss?
Obschonn déi ëffentlech Consultatioun ofgesot gouf, ass weider um Projet geschafft ginn. Den initialen
Dossier konnt à jour gesat ginn nodeem déi gefroten Etuden zu der Loftverschmotzung an dem Kaméidi
ofgeschloss waren, an och eng Äntwert zu den nach opstoenden Ëmweltfroen ausgeschafft gouf. Et
konnt ausserdeem un enger Optioun geschafft ginn, fir d’Vulleschutzgebitt mat engem Tunnel ze
evitéieren. Dës Variant gëtt momentan esou opbereet, dass et méiglech wäert sinn, se mat den
ursprénglechen, iwwerierdeschen Tracéen ze vergläichen.
Déi zoustänneg Autoritéite wäerten nach virum Summer de kompletten Dossier mat den iwwerierdesche Varianten an och der Tunnelvariant virgeluecht kréien.

Beitrag deelen