Skip to content

Contournement Hesper – Quo vadis?

An der Annexe ass d’Äntwert op eng Question parlementaire vun den zwee gréngen Deputéierten François Benoit a Carlo Back ze fannen.

Déi zwee gréng Deputéiert hunn am Summer eng Retsch Froen iwwert de Contournement Hesper gestallt. D’Äntwert vum Minister Bausch confirméiert datt et sech ëm e komplexe Projet handelt. Dës Äntwert confirméiert awer och datt de Projet ëmmer nees op déi laang Bänk gedreckt gëtt an datt nach nei Studien musse gemaach ginn.

Analyséiert gëtt lo op een Tunnel eng Méiglechkeet wier…! Joren a Joren versträichen.

Déi 2 gréng Deputéiert froen och op eng 0 Variant kéint antrieden, also datt et zu engem NET-Bau vun dëser Strooss kennt.

Et circuléieren emmer méi Autoen duerch eis Gemeng, d‘Emissiounswerter ginn doduerch och weider an d‘Lucht..!

Et besteet dringenden Handlungsbedarf.

Beitrag deelen