Skip to content

Contournement: Absolut Prioritéit muss sinn!

Gemengerot Hesper, de 26.10.2020

Ons Gemeng erstéckt elo schonns am Autosverkéier. Ons Wunnqualitéit gëtt domadder systematesch belaascht. Mat de neie Wunnquartieren um Ban de Gasperich hëlt dat nach zou.  Zanter Joren geet et nëmmen a ganz klenge Schrëtt mat der Planung vum Contournement virun.  Wann der Regierung onsem Contournement déiselwecht Prioritéit ginn hätt wéi dem Tram, da wier de Chantier schonns am Gaang.

Dat ass inakzeptabel a mir verlaangen dass de Contournement déi néideg héchste Prioritéit kritt an endlech ëmgesat gëtt.

Dee vun der CSV gefouerte Schäfferot huet dës Resolutioun dem Gemengerot ënnerbreet an se gouf EESTËMMEG ugeholl.

Beitrag deelen