Skip to content

Äntwert op parlamentaresch Fro iwwert den Contournement Hesper-Alzeng

Eise Buergermeeschter an Deputéierten, Marc Lies, huet sech op e Néits staark gemaach fir de Contournement Hesper-Alzeng weider ze dreiwen an huet an deem Kontext eng parlamentaresch Fro un de Minister fir Mobilitéit an Ëffentlech Aarbechten, François Bausch, gestallt an där hie gäre wéilt gewuer gi wéini mat enger Decisioun vum Regierungsrot iwwert den endgültegen Tracé  ze rechnen ass. De Minister fir Mobilitéit an Ëffentlech Aarbechten, François Bausch, huet op parlamentaresch Fro vun eisem Buergermeeschter an Deputéierten, Marc Lies, iwwert den endgültegen Tracé a Finanzéierungsgesetz vum Contournement Hesper-Alzeng geäntwert.

Wéi esou oft gi Bierger vun der Gemeng Hesper vun der Regierung mat weideren néidegen Etudë vertréischt ouni Hoffnung op eng zäitno Berouegung vum Verkéierschaos duerch eis Gemeng.

Fro an Äntwert: Offiziellt Schreiwes

Beitrag deelen