Skip to content

ÄNTWERT OP PARLAMENTARESCH FRO IWWERT DEN CONTOURNEMENT HESPER-ALZENG

Nodeems sech eise Buergermeeschter an Deputéierten, Marc Lies, op e Néits staark gemaach huet fir am Dossier Contournement Hesper-Alzeng weider ze kommen, ginn d’Hesper Bierger vum Minister fir Mobilitéit an Ëffentlech Aarbechten, François Bausch, weiderhin vertréischt.

Obwuel d’Finanzéierungsgesetz schonn vir 2022 versprach gouf wäert et elo emol net méi an dëser Legislaturperiod gestëmmt ginn.

Alles orchestréiert Verschleierungs- a Verhënnerungstaktik mat beschtefalls Enn 2024 bis datt “viraussiichtlech e Virprojet virleien” wäert.

Et schéngt dass mat “déi gréng” an der Verantwortung mat enger zäitnoer Berouegung vum Verkéierschaos duerch eis Gemeng net ze rechnen ass.

Fro an Äntwert: Offiziellt Schreiwes

Beitrag deelen